
Net nëmme soll hie falsch Uriff bei der Police oder dem Noutdéngscht gemaach hunn, ma soll och beispillsweis e Liwwerdéngscht mat falsche Menacen an Nout-Uriff kontaktéiert hunn. Dem Jugendleche gëtt elo Stéierung vum ëffentleche Fridden duerch d’Menacéiere vu Strofdoten virgehäit, sou dat hessescht Landeskriminalamt zu Wiesbaden an de Parquet zu Darmstadt e Mëttwoch an engem Communqué.
Direkt e puer Policebüroen an e Liwwerdéngscht soll hien ëmmer nees kontaktéiert hunn an Noutriff virgetäuscht hunn. Ënnert anerem soll hie mat Amokleef a Schoulen zu Freiberg a Sachsen, Attacken op de Chrëschtmaart zu Göppingen am Baden-Württemberg an Uschléi op Garen zu Mainz a Wiesbaden gedreet hunn. D’Uriff hunn dunn och all Kéiers zu groussen Police-Asätz gefouert.