Déi äiseg Temperaturen an de ville Schnéi hu fir d’éischt de Südweste vun den USA getraff a sollen haut am Laf vum Dag och Washington, Philadelphia an New York treffen. Den Autoritéiten no kämpfen antëscht schonn d’Hallschent vun allen US-Awunner mat de Konsequenze vum uerge Wanterwieder. Eng 190 Millioune Mënsche si betraff, iwwer 600.000 Leit aus de Bundesstaaten Texas, Tennessee, Mississippi a Louisiana haten e Sonndeg de Moie kee Stroum.
Aus enger Stad a Colorado huet CNN ganzer 58 Zentimeter Schnéi gemellt. An Deeler vun New Mexiko leien och bis zu 30 Zentimeter Schnéi. Wéinst dem Stuerm hunn och iwwer 14.000 Flich musse gestrach ginn. D’Autoritéiten aus Texas, North Carolina an New York hunn de Bierger geroden, doheem ze bleiwen, wann si net onbedéngt mussen d’Haus verloossen. Eng 20 Staaten esou wéi och d’Haaptstad Washington hunn den Noutstand ausgeruff.
Aus dem Wäissen Haus heescht et, datt een d’Situatioun am Bléck behält an datt ee “mat all de Staaten, déi vum Stuerm wäerte getraff ginn, a Kontakt steet.” Ofschléissend huet den Donald Trump nach op Truth Social geschriwwen “Bleift a Sécherheet a bleift Waarm”.
*Am éischten Titel vum Artikel war eis eng Zuel ze vill eragerutscht. Et goufe ronn 14.000 Flich ausgesat.