Bal 10 Milliounen EuroIwwer 2.000 Leit mussen zu Lëtzebuerg Familljenzoulagen zeréckbezuelen

RTL Lëtzebuerg
D'Zukunftskeess (CAE) fuerdert aktuell vu méi wéi 2.150 Persounen am Ganze bal 9,6 Milliounen Euro zeréck.
© Canva / Vidal Balielo Jr.

D'Zukunftskeess (CAE) fuerdert aktuell vu méi wéi 2.150 Persounen am Ganze bal 9,6 Milliounen Euro zeréck. Dobäi geet et ëm Familljenzoulagen, Gebuertszoulagen an d’Allocation de rentrée scolaire, déi ausbezuelt goufen, obwuel keen Usproch méi drop bestanen huet.

Dës Zuele kommen aus enger parlamentarescher Äntwert vum Familljeminister Max Hahn. Tëscht 2021 an 2025 huet d'Zukunftskeess an 326 Dossieren méi genee kontrolléiert, ob déi betraffe Kanner tatsächlech zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. A ronn engem Véierel vun de Fäll konnt dat net confirméiert ginn. An den éischte sechs Méint vun 2026 goufen 57 Decisioune geholl a sechs Kontrollen op der Plaz duerchgefouert.

Fir d'Situatioun vun de Familljen ze iwwerpréiwen, kann d'Zukunftskeess ënner anerem Loyerskontrakter, Rechnungen oder Schoulattestatioune froen an och bei Verwaltungen, der Police oder auslännesche Sozialversécherungsorganer nofroen. Zanter 2026 këmmert sech eng nei Ekipp méi systematesch ëm dës Dossieren.

De Minister betount awer, datt eng ze vill ausbezuelt Zomm net automatesch Bedruch bedeit. Dat kann zum Beispill geschéien, wann eng Famill an d'Ausland plënnert an dat net mellt oder wann en Elterendeel ufänkt an engem anere Land ze schaffen.

Wann eng Hëllef zu Onrecht ausbezuelt gouf, kann d'Zukunftskeess d'Suen och réckwierkend zeréckfuerderen. Wie wichteg Ännerunge wéi eng nei Adress net mellt, riskéiert eng Geldstrof. Bei Verdacht op strofrechtleche Bedruch kann den Dossier un de Parquet weidergeleet ginn. D'Zukunftskeess huet zéng Joer Zäit, fir falsch ausbezuelte Prestatiounen zeréckzefuerderen.

Back to Top
CIM LOGO