Mertesdorf-Thomm (D)2 Persoune liewensgeféierlech verwonnt no Frontalkollisioun
RTL Lëtzebuerg
Bei engem Accident am Krees Tréier-Saarburg um Samschdeg um 17.15 Auer sinn 2 Leit liewensgeféierlech blesséiert ginn.
Update: 27.09.2020 07:45
Beim Iwwerhuele vun enger Partie Autoen ass ee Won an d’Schleidere komm an ass an ee Gefier gerannt, deen entgéint koum.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Déi 2 Leit am 1. Auto waren ageklemmt a goufe liewensgeféierlech verwonnt. De Chauffer vum 2. Auto gouf liicht blesséiert.