
Wéi de Parquet matdeelt, goufe Foto-Dateien aus dem private Beräich vun der Famill vum Michael Schumacher bei de Persoune fonnt. Weider Detailer konnt ee bis ewell nach net nennen, d’Ermëttlunge géifen den Ament intensiv lafen. Och weider Detailer iwwert déi Verdächteg goufe keng genannt. Wéi et säitens dem juristesche Bäistand vun engem vun de Verdächtegen handelt, soll et hei ëm eng versichten Erpressung goen.
Wéi d’Bild schreift, solle 15 Milliounen Euro vun der Famill vum fréiere Formel-1-Fuerer gefuerdert hunn, fir dass d’Biller net publizéiert ginn. De Verdächtegen a säi Bouf goufe scho virun zwou Woche festgeholl. Wéi et säitens dem Parquet heescht, sollen déi Verdächteg behaapt hunn, dass se Dateie géife besëtzen “bei deene säitens der Famill Schumacher en Interessi dierft bestoen, dass se net publizéiert ginn”. Sollt d’Geld net iwwerwise ginn, hätten déi Verdächteg d’Fotoen am Darknet publizéiert, esou de Parquet weider.
Eng Partie Dateien hätt een och un d’Famill geschéckt, fir sou d’Fuerderungen z’ënnermaueren. Am Fall vun enger Verurteelung kéinten déi zwee Verdächteg bis zu fënnef Joer an de Prisong kommen.