Moto géint Auto20 Kilometer Stau op der franséischer A31 no déidlechem Accident

RTL Infos
En Donneschdeg koum et géint 16.30 Auer zu engem déidlechen Accident kuerz hannert Diddenuewen a Richtung Metz.
© Mobile Reporter / ITLF

Op der Héicht vu Mondelange sinn en Donneschdeg matten am Beruffsverkéier een Auto an ee Moto net laanschtenee komm. De Motorradschauffer vun 58 Joer gouf dobäi déidlech blesséiert, wéi de PC Autoroutier vu Moulins-lès-Metz de Kolleege vun RTL Infos confirméiert huet.

Éischten Informatiounen no wier de Motorradschauffer vun engem Bremsmanöver vum Auto virun him iwwerrascht ginn a konnt der Kollisioun op der Iwwerhuelspuer net méi auswäichen. D’Secouriste konnten de Mann net méi reaniméieren.

De Beräich ass en Donneschdeg den Owend nach ze evitéieren. Géint 17 Auer wier de Stau op der A31 scho ronn 15 Kilometer laang gewiescht, heescht et vun RTL Infos. Géint 17.45 Auer war de Stau dunn 20 Kilometer laang.

Back to Top
CIM LOGO