
Dat sot de Carsten Spohr no enger Reunioun mat de Gewerkschaften um Mëttwoch Owend. Deemno géif dann och manner Personal gebraucht ginn. De Lufthansa-Chef hat schonn eng déifgräifend Ëmstrukturéierung annoncéiert. Hie rechent domat, datt d’Offer sech eréischt an e puer Joer normaliséiere wäert.

D’Personalkäschte missten dréngend reduzéiert ginn, dovunner wieren 22.000 Pleintempsen, d’Hallschent dovun an Däitschland, betraff. Iwwert d’Kuerzaarbecht a Krisenofkomme wéilt een awer evitéieren, de Leit mussen ze kënnegen.
Den däitsche Staat ass bereet, der Fluchgesellschaft mat engem Hëllefspak vun 9 Milliounen € ënnert d’Äerm ze gräifen. D’Aktionäre mussen awer nach hiren Accord ginn, déi nächst Generalversammlung ass de 25. Juni. Bis den 22. Juni wëll ee sech dofir mat de Gewerkschaften eens ginn.
De Lufthansa-Konzern beschäftegt am Ganzen 138.000 Leit.
