
Ënnert anerem hunn d’Ëmweltaktivisten am November 2022 eng Protestaktioun am Museo del Prado zu Madrid organiséiert, bei där zwee Membere sech un d’Rumme vun zwee weltbekannte Biller vum spuenesche Kënschtler Goya gepecht hunn.
Weider heescht et vun der Police, datt de Grupp “Futuro Vegetal” am Ganze fir 65 Protestaktiounen a Spuenien an anere Länner responsabel gemaach gëtt. Ënnert anerem hunn d’Aktiviste Konschtwierker mat Faarf beschmiert a Stroossen a Piste vu Fluchhäfe blockéiert. Festgeholl goufen d’Membere vu “Futuro Vegetal” ënnert dem Reproche vum Ausbau vun enger “krimineller Struktur”. Mat hiren Aktioune wier der Police no e Schued an der Héicht vun iwwer 500.000 Euro entstanen.
Wéini genee d’Aktiviste festgeholl goufen, huet d’Police net preziséiert, ma Futuro Vegtal schreift op der Plattform X, datt dat schonn am Dezember 2023 geschitt wier. Festgeholl goufen d’Memberen a Stied a ganz Spuenien, dorënner Madrid, Barcelona a Valencia. Wéi et weider vun der Police heescht, wier “Futuro Vegetal” international mat änleche Gruppe vernetzt.