Kassel (D)22 Joer al Fra stierft no Accident mat Päerd, Knuppert als méiglechen Ausléiser

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Virun dräi Woche war an Däitschland an der Géigend vu Kassel eng Fra mat hirem Päerd accidentéiert, nodeems Kanner e Knuppert gezünt haten.
© Foto von JULIAN STRATENSCHULTE / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Nom haarde Knall hat d’Fra d’Kontroll iwwer d’Päerd verluer a gouf un der Gidd matgeschleeft. Duerno war si ënner d’Päerd geroden an hat dobäi schwéier Blessuren erlidden. Um Sonndeg krut d’Police dunn d’Confirmatioun vum Spidol, datt déi 22 Joer al Fra un hiren uerge Blessure gestuerwe wier.

Hannert der Heck waren nom Accident d’Iwwerreschter vu Knupperten aus dem fräie Verkaf fonnt ginn, déi vermuttlech vun zwee Kanner vun 10 an 12 Joer gezünt gi waren. D’Ermëttlungen iwwert de méiglechen Zesummenhang lafe weider.

Back to Top
CIM LOGO