
Hannert de Box am Beräich vum Fahrerlager war eng zu enger Explosioun komm, déi wuel op eng Drockloftfläsch zeréckzeféieren ass, déi deen Ament do nei befëllt gi war.
D’Police vu Koblenz huet e Freideg den Owend spéit wësse gedoen, dass dobäi 22 Persoune verwonnt goufen. Eng dovunner wier ganz uerg blesséiert, 3 weiderer uerg. Déi aner Persounen hätte just liicht Blessuren.
D'6-Stonne-Course, déi fir haut geplangt ass, gëtt och gefuer. Dat huet de Veranstalter matgedeelt. De Qualifying ass vun 8.52 Auer un a gouf op 60 Minutte verkierzt. D’Course selwer start um 12 Auer.