25.000 nei Corona-Fäll an 3 Deeg28 vun 100 Verwaltungsbezierker a Frankräich "Zone rouge"

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich gëtt den Ament iwwer nei Quarantän-Moossnamen diskutéiert an eng allgemeng Maskeflicht gouf per Geriicht decidéiert.

Well d’Zuelen a Frankräich den Ament massiv klammen, ëmmerhi ronn 25.000 Neiinfektioune bannent 3 Deeg - mussen d’Restriktioune verschäerft ginn. Antëscht gëllt a ronn engem Véierel vun de Verwaltungsbezierker “Zone rouge”.

“Zone rouge” heescht, datt de Virus aktiv zirkuléiert. Dës Astufung erlaabt et den Autoritéiten d’Corona-Mossnamen no Bedarf ze verschäerfen. Nei dobäi koumen déi 4 Departementer Bas-Rhin am Grenzgebitt Baden-Württemberg, Nord, Seine-Maritime a Côte-d’Or, souwéi d’Mëttelmier-Insel Korsika a La Réunion am Indeschen Ozean.

E Sonndeg den Owend goufe 7.000 nei Fäll registréiert, no ronn 8.000 e Samschdeg an engem neien Héchststand e Freideg vu bal 9.000. Och d’Zuel vun de Covid-19-Patitenten op den Intensivstatioune klëmmt weider. Besonnesch staark betraff sinn den Ament virun allem Infektioune bei méi jonk Persounen, déi awer just wéineg bis guer keng Symptomer hunn.

An awer gëtt diskutéiert, fir d’Quarantän-Zäit vu 14 Deeg ze verkierzen. De Gesondheetsminister Olivier Véran huet d’Diskussioun lancéiert, dass den Zäitraum fir Kontaktpersoune vun Infizéierte soll gekierzt ginn.

D’Maskeflicht am Fräien a Groussstied soll bestoe bleiwen. Kloe géint d’Maskeflicht goufen deemno ofgewisen, allerdéngs soll et Ausname gi fir Gebidder mat wéineg Mënschenusammlungen. De Jean Castex huet an deem Sënn gesot, d’Maskeflicht wier besser wéi eng allgemeng Ausgangsspär.

Eng Etüd huet erginn, dass vun de Maskegéigner a Frankräich 60 % Frae mat engem héije Bildungsniveau sinn. Massendemonstratioune gouf et, anescht wéi an Däitschland, awer net. Frankräich ass mat iwwer 30.700 Doudesaffer eent vun deene Länner an Europa, dat am schrooste vun der Corona-Pandemie betraff ass.

Back to Top
CIM LOGO