
D’Stad Hsinchu am Nordweste vum Taiwan ass fir de Kite-Festival, deen de leschte Weekend lassgaangen ass, bekannt. E Sonndeg koum et dunn zu engem méi uergen Tëschefall, deen awer mat vill Gléck gutt ausgaangen ass.
Wéi d’Leit ee vun de méi grousse Kite wollten ausbreeden, ass e Wandstouss ënnert d’Duch komm an huet dëst an den Himmel matgerappt. Um Enn vum Kite hat sech dat dräi Joer aalt Lin verfaangen an esou gouf dat klengt Meedchen mat an den Himmel gehuewen.
Well de Wand nogelooss huet, ass d’Lin mam Kite nees séier erofkomm. Enger Grupp vu Leit ass et gelongen, dat klengt Meedchen opzefänken. Vun der Plaz heescht et, datt d’Kand just e puer liicht Blessuren am Gesiicht huet. Zesumme mat senger Mamm gouf d’Lin awer direkt fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht.
D’Evenement awer, wat vun der Stad organiséiert gëtt, gouf doropshin ofgebrach. De Buergermeeschter vu Hsinchu huet sech och via Facebook entschëllegt an annoncéiert, datt een eng Enquête géif an d’Weeër leeden, fir erauszefannen, wéi dat konnt passéieren an esou en änleche Virfall an den nächsten Editiounen ze verhënneren.