
Eng Mamm ass vun engem Geriicht a Frankräich zu 30 Joer Prisong verurteelt ginn, well se hir zwou Duechtere mat Medikamenter vergëft huet. Déi 18 Joer al Duechter war 2019 un enger Iwwerdosis Medikamenter gestuerwen. Bei der méi jonker Schwëster ware Spuere vu Medikamenter nogewise ginn, déi si net verschriwwe kritt hat.
D’Geriicht huet festgehalen, dass déi 53 Joer al Mamm op d’mannst 20 vun den 30 Joer fest am Prisong bleiwe muss. Dat si 5 Joer méi, wéi de Parquet gefuerdert hat. D’Mamm hat wärend dem Prozess all Virwërf zeréckgewisen.