Invité vun der Redaktioun Spezial: Face-à-face Tanson vs Zeimet"Versprieche gehalen" vs. "ze deier an net sozial gerecht": CSV a Gréng streiden iwwer d'Steierreform

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie goung et am Face-à-face mat der Sam Tanson an dem Laurent Zeimet ëm d'Steierreform an d'Energiemesuren.
Invité vun der Redaktioun Spezial: Face-à-face mam Sam Tanson a Laurent Zeimet
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

E Mëttwoch gëtt an der Chamber iwwer d'Steierreform ofgestëmmt. Eng eenheetlech Steierklass soll et ginn a jidderee soll finanziell dervu profitéieren.

Ass déi Reform eng gerecht Entlaaschtung oder gëtt ze vill mat der Strenz gefuer? Doriwwer hunn en Dënschdeg de Moien an engem Face-à-face um Radio de Laurent Zeimet, Fraktiounschef vun der CSV, an d'Sam Tanson, Porte-Parole vun déi Gréng an der Chamber, debattéiert.

Mir si prinzipiell fir eng Individualiséierung, mä et gëtt ze vill Punkten, déi eis stéieren, sot d'Sam Tanson. Dowéinst stëmmen déi Gréng géint d'Reform. D'Reform wär ze deier. Si bréngt bis zu eng Milliard Euro manner Steieren eran. Si wier och net sozial gerecht, fannen déi Gréng. Déi sozial méi schwaach géifen ze wéineg entlaascht ginn, besonnesch d'Steierklass 1A, an déi iewescht Akommesschichte géifen och profitéieren an et villäicht mol kaum mierken, datt se manner Steiere bezuelen. Do wär méi méiglech gewiescht, fënnt d'Sam Tanson.

De Laurent Zeimet argumentéiert, datt ee versprach hätt, d'Leit z'entlaaschten an dat géif een och maachen. Et hätt ee probéiert jidderengem entgéint ze kommen. Et sollt een net nëmmen opzielen, wat alles net an der Reform ass, mä och wat dran ass. Déi Lénk géifen d'Reform dowéinst och mat stëmmen. Den CSV-Fraktiounschef léisst net gëllen, datt Elengerzéier ze wéineg géifen entlaascht ginn. Dës Regierung wär deene schonn entgéint komm, dat misst een als Ganzt gesinn. Et wär weider esou, datt Lëtzebuerg e progressive Steiersystem huet a breet Schëlleren och méi Steiere misste bezuelen. Wéi deier d'Reform gëtt, do ware sech déi zwee Politiker och net eens.

E weidere Sträitpunkt ass, datt Kanner just bis 3 Joer steierlech an d'Gewiicht falen. Mir héijen awer och d'Kannergeld an investéieren an d'Betreiungsstrukturen, kontert de Laurent Zeimet. Dat misst een alles mat berécksiichtegen.

Tripartite: Soll den "Tankrabatt" verlängert ginn?

En Donneschdeg ass jo och Tripartite, wou decidéiert muss ginn, wéi ee mat den Energiemesurë weider fiert. Déi lafen Enn des Joers aus. Ee Knackpunkt: de sougenannten Tankrabatt, also d'Subventiounen op Bensinn an Diesel. De Laurent Zeimet huet sech mat enger Ausso zréckgehalen. Dofir wär d'Tripartite do an d'Regierung misst sech mat de Sozialpartner eens ginn. Den Tankrabatt hätt awer gegraff.

Fir d'Sam Tanson si Subventiounen op Bensinn an Diesel dat falscht Signal. Si huet och den Energiekommissär vun der Regierung zitéiert, dee gewarnt huet, den Tankrabatt kéint en negativen Impakt op d'Energieversuergung hunn. A méi bëllege Sprit kéint d'Ëmklammen op alternativ Technologie bremsen. Finanziell géif et och net vill bréngen. Mat anere Moossname géif een dat selwecht erreechen.

En Dënschdeg de Moie goung et ëm d'Steierreform an d'Energiemesuren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO