
4 weider Joer als President vun de Vereenegte Staate géing gläichzäiteg 4 weider Joer praktesch Immunitéit bedeiten. Mam Verloscht vun dëser Immunitéit erwaarden hien eng Partie Kloe wéinst ënnert anerem Steierhannerzéiung, Geldwäsch, sexuellem Mëssbrauch a Bedruch.
Wéi d’New York Times schreift, ass den Donald Trump an iwwer 30 Fäll ugeklot, eleng 12 dovu sinn Ermëttlunge vum Kongress.
Déi meeschte Suergen dierft sech den Trump am Fall vun engem Prozess ëm seng Tâche als Chef vun der “Trump Organization” maache wéinst Bankebedruch, Versécherungsbedruch, Steierhannerzéiung a Bilanzfälschung. Dowéinst wëll de Procureur d’état besonnesche Bléck op d’Steiererklärungen aus de leschten 8 Joer werfen. Enn September hat d’New York Times zum Beispill publizéiert, dass hien am vergaangene Joer just 750 Dollar Steiere soll bezuelt hunn.
Zwee Prozesser wéinst sexueller Belästegung a Vergewaltegung kéinten och op de Republikaner duerkommen. Dem Trump gëtt virgeworf, Mëtt der 90er Joren d’Journalistin E. Jean Carroll an engem Akafszenter an New York vergewaltegt ze hunn. 2017 gouf hie beschëllegt, d’Summer Zervos, eng Participantin aus der Reality-Show “The Apprentice” sexuell belästegt ze hunn.
Nieft juristesche Konsequenzen dierft de Milliardär och mat finanzielle Schwieregkeete rechnen. Eleng d’Scholde vu senger Immobiliëgesellschaft solle sech der Financial Times no op 900 Milliounen Dollar belafen. Wéi et vu Forbesheescht, wier hien am Besëtz vun ëmgerechent 2,5 Milliarden Dollar.
