SpuenienTransportminister wëll trotz Zuchaccident net zrécktrieden

RTL Lëtzebuerg
De spueneschen Transportminister Óscar Puente schléisst e Récktrëtt no der Zuchkatastroph mat op d'mannst 69 Doudesaffer aus
No 69 Doudesaffer: Spueneschen Transportminister ënner Drock.
© THOMAS COEX/AFP

Op enger Pressekonferenz e Freideg zu Madrid sot hien, seng Prioritéit wier et, d'Ursaache vum Accident opzeklären. Hien hätt "näischt ze verstoppen".

Bei der Kollisioun e Mëttwoch an der Provënz Toledo war en Héichvitessenzuch vun der staatlecher Renfe op en Zuch vun der privater Gesellschaft Iryo opgefuer, deen op de Schinne stoung.

De Minister steet ënner politeschem Drock. Oppositioun, Gewerkschaften an Demonstrante fuerderen, datt hie Verantwortung iwwerhëlt. De Puente wëll awer d'Resultater vun der Enquête ofwaarden. Sollt mënschlecht Versoe festgestallt ginn, géif een entspriechend handelen.

Engersäits werfen Audioopnamen, déi a spuenesche Medie publizéiert goufen, Froen op. Anerersäits hat e Computerproblem kuerz virum Accident dozou gefouert, datt sechs Zich op der Streck stoe bliwwe waren.

De spuenesche Premier Pedro Sánchez huet erkläert, datt d'Vertrauen an d'Héichvitessstreck net méi do wier. Eréischt am Januar waren op där selwechter Streck bei engem Zuchaccident 46 Mënschen ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO