Gewaltverbriechen an den USA37 Prozent méi Mordfäll wärend Corona-Kris

RTL Lëtzebuerg
Vill US-Metropole kommen net zur Rou. D'Zuel vu Morden a Schéissereien ass bannent de leschte Méint däitlech geklommen.

Et sinn Zuelen, déi beonrouegen. Am Juni sinn zu New York am Verglach zu zejoert iwwer duebel sou vill Schëss gefall. Dëst Joer goufen der am Juni 205 gemellt, am selwechten Zäitraum 2019 waren et der 89. Dat ass eng Hausse vun 130 Prozent. Medieberichter no goufen eleng de 4. Juli 64 Persoune vu Schëss getraff, 10 dovun hunn de Virfall net iwwerlieft. Donieft goufen et an der 8-Millioune-Metropol 30 Prozent méi Morden.

Eng Tendenz, déi net just op de Big Apple zoutrëfft, mä och op vill aner amerikanesch Stied. Zu Chicago goufe wärend der Corona-Kris déi meeschte Mordfäll zanter iwwer 20 Joer erreecht. Och zu Philadelphia oder Milwaukee sinn d’Gewaltverbriechen däitlech an d’Luucht gaangen.

Aus engem Rapport vu “Council on Criminal Justice” geet ervir, dass tëscht Mee an Enn Juni an 20 amerikanesche Stied 37 Prozent méi Morde verzeechent goufen. Bei de Kierperverletzungen ass et eng Hausse vu 35 Prozent a bei den Iwwerfäll sinn et 27 Prozent méi.

Wat genau dozou bäigedroen huet, dass d’Gewaltverbriechen an deem Ausmooss zougeholl hunn, gëtt nach erfuerscht. Et geet een dovun aus, dass eng Partie Faktoren hei eng Roll spillen. Ënnert anerem déi sozial Spannunge wärend der Corona-Kris, wéi och d’Onrouen ëm den Doud vum George Floyd an déi ganz Rassismus-Debatt, déi an deem Kontext ausgeléist gouf.

Back to Top
CIM LOGO