International Tourismusbranche388 Milliarden Euro manner Ëmsaz wéinst Corona

RTL Lëtzebuerg
Déi international Tourismusbranche huet am éischten Hallefjoer en historeschen Ëmsazverloscht verzeechent.

Wéi d’Vereenten Natioune en Dënschdeg zu Madrid matgedeelt hunn, hätt den Tourimussecteur tëscht Januar a Juni en Ëmsazverloscht vu 460 Milliarden Dollar gemaach (388 Milliarden Euro). Zäitweis wier et zu engem komplette Stëllstand vun alle Reesaktivitéite komm.

Deemno wier den Ëmsazverloscht 5 Mol méi héich gewiescht wéi wärend der internationaler Finanz- a Wirtschaftskris am Joer 2009.

An den éischte 6 Méint vum Joer goufen et ronn 65 Prozent manner Touriste weltwäit. Zwar hätt een dës Lescht nees kënnen a ville Regioune Vakanz maachen, ma wéinst der schwaacher Nofro géing d’Tourismusbranche nach ëmmer leiden.

Back to Top
CIM LOGO