Dramatesche Réckgang vum Äis3D-Scanner aus dem Grand-Duché fir Fuerschungszwecker an Norwegen benotzt

Marlène Clement
Fuerscher warne virun engem rapide Schmëlze vum Äis an engem dramatesche Réckgang vun de Gletscher. Fir déi Verännerungen ze dokumentéieren, ass an Norwegen eng nei Technologie “made in Luxembourg” an den Asaz komm.
3D-Scanner aus dem Grand Duché fir Fuerschungszwecker an Norwegen benotzt
Fuerscher warne virun engem rapide Schmëlze vum Äis an engem dramatesche Réckgang vun de Gletscher.

Aktuell gëtt op der Weltklimakonferenz an der Tierkei iwwer international Klimaziler an d'Konsequenze vun der globaler Äerderwiermung diskutéiert. Konsequenzen, déi ëmmer méi spierbar ginn.

Zwou Woche laang war ee Fuerscherteam an de Bierger an Norwegen, südlech vun Trondheim, ënnerwee. Dobäi koumen och een 3D-Laserscanner an eng Software vun enger Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg an den Asaz.

De Paul Hanaphy, Head of Content a P&R, Artec 3D:

“Also si hunn eisen Artec Jet 3D Scanner geholl. Dee kann un engem Rucksak befestegt ginn. Si sinn domat duerch d'Äis getrëppelt, duerch de Schnéi a si hunn déi selwecht Fläch gemooss, vun där et och schonn an der Vergaangenheet Donnéeë gëtt. Vergläicht een déi Donnéeën, da kann ee rausfannen, wéi séier d'Äis aktuell schmëlzt a wéi séier et verschwënnt."

Am Ganze goufen am Kader vun der Expeditioun ronn 128.000 Meterkaree Terrain dokumentéiert. Ee Monitoring, dee mat konventionellem Miessmaterial op engem Stativ e puer Deeg gedauert hätt, konnt mam Scanner bannent e puer Stonnen erfaasst ginn. Eng Technologie, déi mëttlerweil a ganz verschiddene Beräicher agesat gëtt.

Den Art Yukhin, President a CEO vun Artec 3D:

“Mir hunn eng Rei Léisungen, fir eng digital Kopie ze maachen, oder wéi mir soen, een digitale Klon vun allem. Ugefaange mat ganz grousse Saachen, Meterkareeën, Deeler vu Stied, Äis an Norwegen bis hin zu Mikroben. A mir hunn d'Léisung, fir dat ganz séier ze maachen. Et ass méiglech, bannent Minutten eng grouss Konstruktioun ze scannen oder grouss Infrastrukturen ewéi Brécken, Tunnellen, Gebaier. An dat Wichtegst, da kann een e Monitoring vun de Verännerunge maachen."

Nieft de Miessungen um Terrain hunn d'Fuerscher an Norwegen och biologescht Material gesammelt, dat duerch d'Schmëlze vum Äis nees un d'Uewerfläch kënnt. Déi Prouwe ginn elo analyséiert.

D'Alice Phillips, Doktorandin vun der Aberystwyth University:

“Mat dem organesche Material, dat mir gesammelt hunn, wäert ech am Labo d'DNA amplifiéieren. Sou kënne mir erausfannen, wéi eng Mikroben do liewen a wéi vill dovunner an d'Ëmwelt kéinte fräigesat ginn. Duerno kënne mir aschätzen, wat dat fir d'Rendéieren an d'Mënschen an dëse Géigende bedeit.”

Eise Planéit verännert sech an dat méi séier wéi geduecht. D'Resultater aus der Recherche an Norwegen wieren e weideren Indicateur fir dat, wat grad geschitt an nach wäert geschéien, esou déi jonk Fuerscherin vun der Aberystwyth University.

Back to Top
CIM LOGO