
D'Verhandlungen op der COP31-Weltklimakonferenz zu Antalya an der Tierkei zéie sech weider an d'Längt. Och um Samschdeg de Moien ass nach keen Duerchbroch a Siicht. Weder gouf bis elo eng iwwerschafften Ofschlosserklärung publizéiert, nach steet fest, wéini d'Schlussplenière mat de ronn 200 Participatiounsstaaten ass.
Knackpunkt wier deemno, datt gewësse Länner, virun allem aus der EU, eng méi ambitiéis Ofschlosserklärung fuerderen, déi spezifesch een Erausklammen aus de fossillen Energië virgesäit. Nieft der EU setze sech och kleng Inselstaaten an eng Rei Länner aus dem globale Süden dofir an. An der aktueller Versioun gi Kuel, Pëtrol a Gas net genannt, wat fir eng Rei Länner, dorënner d'EU-Memberstaaten, net wäit genuch geet. Zousätzlech suergt och d'Fro vun de Klimahëllefe fir Entwécklungslänner fir Spannungen. Verschidde Staate kritiséieren, datt d'Industrielänner hir finanziell Bäiträg net genuch opstocken.
De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes hat am RTL-Interview schonn ugedeit, datt mat laange Verhandlunge misst gerechent ginn. Lëtzebuerg gehéiert zu de Länner, déi sech dofir asetzen, datt e ganzt Erausklammen aus de fossillen Energien an den Ofschlosstext opgeholl gëtt.
Obwuel e Freideg den Owend nach eng Plenière war, goufen do just technesch Accorde confirméiert. Déi wichtegst politesch Decisioune stinn nach op. De President vun der COP31, den tierkeschen Ëmweltminister Murat Kurum, huet awer vu "grousse Fortschrëtter" geschwat a sech bei de ronn 200 Delegatiounen nach emol fir en Accord staark gemaach.
Fir eng kuerz Ënnerbriechung hat e Klimademonstrant gesuergt, deen am Plenum geruff huet: "Dir bréngt d'Zukunft ëm", ier hien aus dem Sall gefouert gouf.

Wéini d'COP31 op en Enn geet, ass deemno de Moment nach ongewëss. Datt d'UN-Klimakonferenzen an d'Verlängerung ginn, ass allerdéngs näischt Ongewéinleches a war och an der Vergaangenheet schonn dacks de Fall.