
Éischt Gespréicher iwwer eng Reguléierung vu gréisstendeels autonome Waffe si bei de Vereenten Natiounen zu Genève ouni een Accord op en Enn gaangen. Gëeenegt huet ee sech just drop, datt d'Gespréicher bannent den nächsten zwee Joer nees sollen opgeholl ginn, fir Reegele festzesetzen, déi d'Benotze vu selbststännege Waffesystemer reguléieren. Vollautonom Waffen, déi och Killerroboter genannt ginn, kënne beispillsweis Ziler selbststänneg erkennen an ugräifen.
Mënscherechtsorganisatiounen hate sech méi vun de Gespréicher erhofft, eng 100 Länner waren och dofir, datt méi streng Regulatioune sollten agefouert ginn. Staate mat grousse Rëschtungsindustrië wéi d'USA, Russland an Israel waren allerdéngs dogéint.