
Déi dänesch Regierung wërft dem russesche Geheimdéngscht vir, mat Hëllef vun enger dänescher krimineller Band e Mordkomplott géint en ukrainesche Rapper an Dänemark geplangt ze hunn. Wéinst dem Mordplang huet Dänemark elo de russesche Verdeedeungsattaché aus dem Land ausgewisen, esou den däneschen Ausseminister Lars Lökke Rasmussen e Freideg op enger Pressekonferenz. Ënnerstëtzung krut Kopenhagen dobäi vun Däitschland. Russland huet schonn annoncéiert, datt een entspriechend reagéiere géif.
Dem dänesche Geheimdéngscht PET no huet Russland déi kriminell dänesch Organisatioun "Loyal to Familia" zu Mordpläng géint de Rapper, deen am September zu Kopenhagen e Concert sollt ginn, ugestëft. D'Membere vun der Organisatioun hätten de "geziilte Mord" wärend dem Optrëtt sollten duerchféieren, esou de PET-Chef Rasmus Kieffer-Kristensen e Freideg. Kuerz virum Concert wieren dräi Leit an der Géigend vun engem Auto festgeholl ginn, an deem Schosswaffen a Messer fonnt goufen. Zwee Verdächteger goufen dowéinst och ugeklot.
De Rapper wier méiglecherweis wéinst Berichter, datt hien u Schmuggel vun Drone fir Attacken op Russland bedeelegt wier, an d'Viséier vun de russeschen Déngschter geroden. Scho wéi hien an Dänemark koum hätt de Geheimdéngscht dem Rapper "besonnesch an d'Viséier geholl".
"Loyal to Familia" wier "besonnesch konfliktbereet" a géife "séier Gewalt" ausüben, esou de Policechef Lasse Boje. "Wann ee sech am Déngscht un auslänneschen Noriichtendéngschter stellt, iwwertrëtt een awer eng rout Linn", esou de Boje weider.
Dem Tëleessender DR no wier de Viséierte Museker de Rapper Kyivstoner. De Concert bei Kopenhagen war awer ofgesot ginn. Dem däneschen
ëffentlech-rechtleche Sender no hätt den Kyivstoner esouwuel déi ukrainesch wéi och déi US-amerikanesch Nationalitéit.
Siwen Deeg Zäit huet Kopenhagen dem russesche Verdeedegungsattaché ginn, fir Dänemark ze verloossen. Weider spillt Dänemark och mam Gedanken, datt een russesche Staatsbierger keng Schenge-Visae méi géif ausstellen, wann dës net dréngend noutwenneg wieren.
Fir déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen géif de Virfall "déi eescht Sécherheetssituatioun" fir Dänemark an Europa illustréieren. "Mir stinn engem an den Eck gedriwwent Russland géintiwwer, dat méi aggressiv agéiert an en ëmmer méi grouss Tendenz weist, Risiken anzegoen".
De russeschen Ausseministère huet Géigemesurëe géint Dänemark annoncéiert. "Moskau wäert eng passend Äntwert ginn", sot eng Spriecherin vum russeschen Ausseministère géintiwwer der Noriichtenagence TASS.
Aus Däitschland heescht et, datt ee "solidaresch un der Säit vun Dänemark" géif stoen. "Mir wäerten all Versuch vu Russland ënnerbannen, Europa duerch Attentater, Uschléi oder Sabotageaktiounen anzeschüchteren", esou de Friederich Merz.