
Wéi d’Uni matdeelt, huet bal d’Hallschent vun Awunner vun Ischgl, déi bei enger ëmfaassender Etüd matgemaach hunn, Antikierper op de Coronavirus.
Mat 42,4% Presenz Anticorpsen op de Covid-19 kënnt d’Schi-Héichbuerg mat hire villen Après-Ski-Bare weltwäit bis ewell op der 1. Plaz. Zäitweileg waren 40% vun de Corona-Infektiounen an Éisträich op Ischgl zeréckzeféieren. Och vill Europäer hunn de Virus vum Après-Ski an hir Länner importéiert. D’Autoritéiten am Tirol stoungen an der Kritik ze spéit reagéiert ze hunn.
85% vun de Persounen, bei deenen Antikierper nogewise goufen, waren infizéiert, ouni datt se et gemierkt hunn. Nëmme 15% hate virun d’Diagnos gestallt kritt, datt se infizéiert waren. Trotz dem héijen Anticorps-Wäert ass souguer zu Ischgl keng Häerdenimmunitéit areecht.
Bei der Etüd vun der Uni Innsbruck hunn 80% vun de Awunner vun Ischgl matgemaach. 1'473 Persounen goufen tëscht dem 21. a 27. Abrëll ënnersicht.