Am Joer 2023461 Bankomate goufen an Däitschland gesprengt

RTL Lëtzebuerg
Zejoert konnten d'Brigangen iwwert dee Wee 28,4 Milliounen Euro ergauneren, wat e Minus vu 5,1% am Verglach mam Joer virdrun duerstellt. 
© AFP

Am Joer 2022 waren et 496 Geldautomaten, déi gesprengt goufen, wat deemools den Héchststand war. An 276 vun de 461 Fäll ass et den Onéierleche gelongen un d’Suen ze kommen.

Well d’Zuel vun de Sprengungen an de leschte Joren ëmmer weider geklommen ass, hu souwuel d’Police, wéi och d’Politik dem Phänomen de Kampf ugesot. Och den Drock op d’Banken ass geklommen, fir d’Geldautomaten technesch méi sécher ze maachen.

Eng Méiglechkeet heibäi ass et, d’Geldschäiner anzefierwen, soubal et zu enger Explosioun kënnt, soudass déi Onéierlech d’Schäiner net méi notze kënnen.

Vill vun den Täter operéieren aus Holland eraus a gehéieren do zu ganz professionelle Banden.

Back to Top
CIM LOGO