
Bei der Attack wier ee Maart viséiert ginn. 19 weider Persoune wiere blesséiert ginn, dorënner ee 14 Joer aalt Meedchen, wat a Liewensgefor schwieft. Um Freideg eréischt hat d’Ukrain massiv russesch Attacke gemellt mat op d’mannst 14 Doudeger. Rieds goung vun iwwer 500 Dronen a Rakéiten, déi op Karfreideg op Ziler an der Ukrain geschoss gi sinn. Den ukrainesche President Zelensky ass iwwerdeems zu Istanbul fir een Treffe mam tierkesche President Erdogan.