
Zanterhier goufe se am Gebitt ëm den 3.700 Meter héije Bierg “Tête Blanche” vermësst. Dëse läit um hallwe Wee tëscht Zermatt an Arolla.
5 vun 6 Leit déi vermësst gemellt goufen, waren aus der selwechter Famill. Iwwert d’Identitéit vun den Doudesaffer huet d’Police nach keng Aussoe gemaach.
Schlecht Wieder hat d’Rettungsaktioun schwiereg gemaach. E Stuerm hat an enger éischter Phas verhënnert, dass mat Helikoptere konnt no de Vermësste gesicht ginn.
Wéi d’Police mellt, konnt e Sonndeg den Owend e Rettungsteam an de Bierger ofgesat ginn, dat géint 21.20 Auer dann och 5 Läichen entdeckt huet.
No enger vermësster Persoun gëtt weiderhi gesicht.