
Parallel zu de Presidentschaftswalen ass a Moldawien an deene leschten Deeg och ee Referendum ofgehale ginn. Déi aktuell Staatscheffin Maia Sandu huet d’Vollek ofstëmme gelooss, ob ee méiglechen EU-Bäitrëtt als Zil vum Land an déi moldawesch Verfassung sollt geschriwwe ginn. Dëse Virgang géif zäitgläich bedeiten, datt den Ex-Member vun der Sowjetunioun mat enger europäescher Ausriichtung Russland de Réck dréine géif.
Nodeems e Méindeg all d’Stëmmen ausgezielt waren, huet schlussendlech eng knapp Majoritéit vu 50,40 Prozent am Referendum mat “Jo” gestëmmt. Eng Zäit laang hat et um fréie Méindegmoien allerdéngs net no deem Resultat ausgesinn. No éischten Auszielunge louch “Nee” tëschenzäitlech nämlech mat bis zu 57% vir. Doropshin hat d’Presidentin Maia Sandu Russland ëffentlech beschëllegt, de Referendum duerch grouss ugeluecht Propaganda-Campagnë beaflosst a ronn 300.000 Stëmme kaf ze hunn. De russesche Kreml-Spriecher Dmitri Peskow huet op dës Virwërf reagéiert an no konkrete Beweiser fir déi “schwéier Uschëllegunge” gefrot.
Datt d’Resultat zum Schluss hin awer rëm vun der pro-russescher, op déi pro-europäesch Säit gefall ass, louch virun allem un der Auszielung vun den am Ausland liewende Moldawier, deenen hir Stëmmen als Lescht un der Rei waren. Duerch dës Entwécklungen huet Russland der moldawescher Regierung selwer virgeheit, de Referendum net korrekt ofgehalen ze hunn an datt déi aus hirer Siicht ongewéinlech Wendung nëmme schwéier ze erkläre wier.
D’Maia Sandu huet sech no der Auszielung trotz dem onerwaart knappe Resultat erliichtert gewisen a vun engem Succès bei engem “ongerechte Kampf” geschwat. Och d’EU selwer huet Russland doropshi virgeheit, schonn an de Méint virun der Ofstëmmung déi moldawesch Bierger an hirer Meenung staark beaflosst ze hunn.
De Referendum muss elo nach vum moldawesche Verfassungsgeriicht confirméiert ginn, éier et an d’Verfassung niddergeschriwwe gi kann.
Bei de Presidentschaftswalen huet déi aktuell Staatscheffin Maia Sandu iwwerdeems mat 42,4 Prozent de gréissten Deel vun de Stëmme krut, domat allerdéngs déi absolut Majoritéit verluer. Duerch dat Resultat muss si am November an enger Stiech-Wal géint de pro-russeschen Alexandr Stoianoglo untrieden. Well et sech bei de Plazen Dräi bis Sechs och ëm pro-russesch Kandidaten handelt, wäert och dës Decisioun, genee wéi de Referendum, immens knapp ausfalen.