Reporter ouni Grenzen503 Journaliste sëtzen aktuell an 62 Länner a Prisongen

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun de leschten 12 Méint sinn 67 Journaliste weltwäit wärend hirer Aarbecht a Konfliktgebidder ëm d’Liewe komm.

Déi allermeescht dovun an der Gazasträif, awer och a Mexiko, am Krich tëscht Drogenkarteller. Dat schreiwt d’ONG “Reporter ouni Grenzen” en Dënschdeg an hirem Joresbilan vun der Pressefräiheet. 503 Journalisten sëtzen aktuell an 62 Länner a Prisongen, déi meescht a China an a Russland.

135 Persounen, déi fir Medie geschafft hunn, gëllen momentan als vermësst. Eenzeler schonn zanter méi wéi 30 Joer.

Reporter Ouni Grenzen nennt d’Beispill vu Journalisten aus Syrien, déi ënnert dem fréiere President Al-Assad verschwonne sinn a vun deene bis haut all Spuer feelt.

Back to Top
CIM LOGO