Australien60.000 Mënsche wéinst Stierm an Héichwaasser zu Sydney evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Zanter enger Woch ginn et un der australescher Ostküst Wiederen, elo ass och d'Metropol Sydney getraff ginn.
Strooss zu Sydney iwwerschwemmt
Strooss zu Sydney iwwerschwemmt
© AFP

Zwee Mënsche sinn duerch d’Héichwaasser ëm d’Liewe komm, dat huet d’Police en Dënschdeg matgedeelt. Donieft hunn d’Autoritéite wéinst neie Wiederen zéngdausende Mënschen opgeruff, hir Wunneng ze verloossen.

Duerch d’Wiedere goufen an där mat fënnef Milliounen Awunner gréisste Stad an Australien Brécken ewechgerappt, Haiser beschiedegt, Autoen ewechgespullt an en Daach vun engem Supermarché ewechgerappt. E Mann an eng Fra si mat hirem Auto vun de Waassermassen ewechgespullt ginn, sou d’Police vu Sydney. Si konnten nëmmen nach dout gebuerge ginn. Domadder ass d’Zuel vun den Doudegen op 20 geklommen.

Nach gëtt et keng Entwarnung. Déi nächst 48 Stonne kéinte “schwiereg” ginn, sou d’Warnung vum Wiederdéngscht. De Risiko vun uergen Iwwerschwemmunge besteet.

Back to Top
CIM LOGO