
D'franséisch Protestbeweegung vun de Gilets Jaunes huet fir e Freideg zu enger Aktioun "fir d'Verdeedegung vun den ëffentleche Fräiheeten" opgeruff.
Et handelt sech ëm eng sougenannt "Dëppendemonstratioun". D'Participante sinn dozou opgeruff, sech ab 18:00 Auer virun der Nationalversammlung zu Paräis ze versammelen a mat Dëppen a Pane grousse Kaméidi ze maachen. Och fir e Samschdeg ass e weideren Aktiounsdag geplangt.
Iwwerdeems bereede sech déi franséisch Autoritéiten op e weideren Dag vun "ëffentlechen Onrouen" e Samschdeg vir. Den Inneminister Laurent Nuñez huet en Donneschdeg ugekënnegt, datt ongeféier 70.000 Poliziste mobiliséiert géife ginn.
Den Inneminister huet betount, datt Demonstratiounen dëse Samschdeg zwar erlaabt sinn, awer net an de Stadzentere stattfanne kënnen. Eng Moossnam, déi d'Autoritéiten och scho leschte Weekend ëmgesat hunn. Op sozialen Netzwierker gouf et vill Opriff fir ze plëmmen.
Suerge mécht den Autoritéiten awer virun allem d'Nuecht op e Sonndeg. Do ass nämlech Halloween.
An deem Kader ginn an de soziale Medie vill Appeller verbreet, sech an der Halloween-Nuecht ze versammelen. Dës kommen aus "ultralénksen, radikaliséierte lénksextreme" Kreesser. Dës Messagë ruffen zu enger "Revolutioun", engem "Opstand" op. Esou Versammlunge wäerte verbuede ginn.