
Binance, déi gréisste Krypto-Bourse no deeglechem Handelsvolumen, sot en Donneschdeg op der Plattform X, datt "de geschätzten Impakt ongeféier 6,3 Milliarden Dollar ass".
Dat ass véiermol sou vill wéi de Montant vun der Cyberattack géint Bybit am Joer 2025 bei deem 1,5 Milliarden Dollar geklaut goufen. Déi war bis en Donneschdeg déi gréisst dëser Aart.
Den Iwwerfall op d'Bybit-Plattform gouf deemools engem nordkoreanesche Grupp vun Hacker zougeschriwwe mam Numm "TraderTraitor". D'Blockchain-Ermëttlungsfirma TMR sot, si wier zimmlech sécher datt och de Binance-Hack vun TraderTraitor organiséiert gouf. Verschidde Charakteristike vun der Attack géife mat féiere mat Nordkorea verbonnenen Iwwerfäll iwwerenee stëmmen.
Et gëtt ugeholl , datt TraidorTraitor Deel vum Lazarus Group ass. 2014 gouf de Grupp beschëllegt Sony Pictures als Revanche fir de Film "The Interview" gehackt ze hunn, well dësen de Geck mam nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un gemaach huet.
D'Präisser vun de meeschte grousse Kryptowärunge sinn op d'Nouvelle vun der Cyberattack gefall.
Den Ugrëff op Binance kënnt zu enger Zäit wou vill Leit sech Suergen driwwer maachen, datt d'Kënschtlech Intelligenz (KI) d'Kryptographie an d'IT-Sécherheetsprotokoller a Gefor brénge kéint.