
RTL Däitschland restrukturéiert seng Servicer a baut dobäi eng 600 Plazen of. Grond dofir wieren déi schwiereg wirtschaftlech Situatioun an e Réckgang bei de Pub-Recetten op der Tëlee, heescht et vun der Entreprise, déi zum Mediekonzern Bertelsmann gehéiert. Zanter 2019 wier den Ëmsaz bei Tëleesreklammen an Däitschland ëm méi wéi 20 Prozent erofgaangen. Gläichzäiteg gouf massiv an de Streaming-Service RTL Plus investéiert. Dëse soll d’nächst Joer kënne profitabel ginn.
Duerch dës Ëmstrukturéierung kéint de Betrib e Montant am héijen zweestellege Milliouneberäich u Personalkäschte spueren, esou den Däitschlandchef vun RTL Stephan Schmitter. An Zukunft soll méi an den Ausbau vum Streaming-Service investéiert ginn. De Verband vun den däitsche Journalisten DJV weist sech “schockéiert” a schwätzt vun enger “Katastroph”. Si fäerten, dass d’journalistesch Qualitéit ënnert där Decisioun leide wäert. Et dierft schwiereg ginn, den aktuellen Niveau mat nach manner Personal ze halen, sou de Virsëtzende vum DJV Mika Beuster.
Gläichzäiteg begréisst de Beuster awer d’Konditiounen, déi d’Geschäftsféierung mat de Personalvertrieder ausgehandelt huet a schwätzt vun engem Liichtbléck. Kënnegunge sollen evitéiert an de bestoende Sozialplang grouss ausgebaut ginn. Ënnert anerem solle Leit, déi fräiwëlleg ginn, ofhängeg vun der Durée vun hirem Kontrakt, e Bonus vu bis zu 50.000 Euro kréien, esou de Beuster.