Zweet Bundesliga64 Poliziste bei Ausernanersetzung no Futtballmatch blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Ermëttlunge géint verschidde Fans vum FC Magdeburg goufen opgeholl.
© ALEXANDER POHL/NurPhoto via AFP

Den Inneministère vu Sachsen-Anhalt deelt mat, dass op d’mannst 64 Policebeamte bei engem Fussballsmatch aus der zweeter däitscher Bundesliga blesséiert goufen, 17 vun hinne hu missten an d’Spidol ageliwwert ginn.

E Samschdeg koum et nom Match tëscht dem 1.FC Magdeburg an dem Dynamo Dresden zu uergen Ausernanersetzungen. D’Police wier vun de Magdeburger Fans mat Pyrotechnik beschoss ginn. Ausserdeem sollen d’Beamten mat Ofspärungen a Steng ugegraff gi sinn. D’Frans vu Magdeburg hate probéiert, an de Block, wou d’Gäscht aus Dresden stoungen, anzedréngen, heescht et vun der Police.

Den 1.FC Magdeburg huet de Match géint d’Gäscht aus Dresden 1:2 verluer. D’Ermëttlunge lafen den Ament.

Back to Top
CIM LOGO