Si huet mat der Waff a Richtung vun deenen anere Leit hantéiert. D’Fra, déi de Cours gehalen huet an 10 Membere vum Workshop konnten de Raum séier verloossen; et koum zu kenger konkreeter Attack. D’Fra ass duerno fortgelaf, gouf awer kuerz drop vun der Police an hirer Wunneng erëmfonnt a mat op de Büro geholl. Well si scho virdru psychesch opfälleg war, gouf si duerno fir ee weideren Avis an eng psychiatresch Ariichtung bruecht. D’Police huet eng Ermëttlung ageleet an d’Motiver ginn nach gekläert.