Marks & Spencer7.000 Aarbechtsplaze sollen an den nächsten 3 Méint ofgebaut ginn

RTL Lëtzebuerg
Bei der brittescher Chaîne Marks & Spencer kritt een d'wirtschaftlech Konsequenze vun der Coronakris massiv ze spieren.

Marks & Spencer verkeeft haaptsächlech Kleeder an Iesswueren. Wärend bal 3 Méint hunn d’Butteker mussen zoubleiwen an och an der Online-Vente goufen et staark Aboussen. Dofir huet M&S elo ugekënnegt bis zu 7.000 Aarbechtsplaze bannent den nächsten 3 Méint mussen ze sträichen. Uechter d’ganz Welt schaffen eng 80.000 Leit fir M&S.

Et baut ee beim Plazenofbau virun allem op fräiwëlleg Departen oder op Leit, déi fréizäiteg an d’Pensioun ginn. Et wéilt ee sech den neie Gewunnechte vun der Clientèle upassen a méi op d’Online-Vente setzen.

Enn Juli war een nach vun 950 Plazen ausgaangen, déi missten ofgebaut ginn. Déi Zuel gouf dann elo massiv no uewe corrigéiert.

Back to Top
CIM LOGO