A polnescher Beruffsschoul7 Blesséierter bei Attack mat Stéchwaff

RTL mat AFP
Zu Ostroleka, nërdlech vun der Haaptstad Warschau, huet e 19 Joer ale Mann op d'mannst 7 Persoune verletzt. Hie konnt festgeholl ginn.
Den 19 Joer alen Täter ass vun der Police festgeholl ginn.
Den 19 Joer alen Täter ass vun der Police festgeholl ginn.
© Police Polen/AFP

Bei engem Ugrëff mat enger sougenannter "Arme blanche" sinn an enger polnescher Beruffsschoul siwe Persoune verwonnt ginn. E Mëttwoch de Moie war den 19 Joer alen Täter zu Ostroleka, ronn 120 Kilometer nërdlech vun der Haaptstad Warschau, an d'Gebai agedrongen.

Der Police no wier et "an der Géigend an um Terrain" vun der Schoul zur Dot komm. Bei den Affer géif et sech ëm Schüler a Léierpersonal handelen, sou d'Procureure vun Ostroleka, wou ronn 50.000 Leit wunnen. Gewosst ass just, dass de jonken Täter mat engem geféierleche Géigestand ugegraff hätt.

Back to Top
CIM LOGO