Wéinst Äusserungen iwwer IsraelVanessa Emde aus lénker Fraktioun zu Berlin ausgeschloss

AFP, iwwersat vun RTL
Die Linke verhandelt no de Landtagswalen zu Berlin mat der Grüne an der SPD iwwer eng méiglech Koalitioun.
D'Vanessa Emde ass wéinst hiren Aussoen iwwer Israel ëmstridden.
© JENS KALAENE/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Berliner Fraktioun vun "Die Linke" huet d'Vanessa Emde ausgeschloss. Beim entspriechende Vott, hunn en Dënschdeg 33 Deputéiert vun der lénker Fraktioun am Berliner Abgeordnetenhaus fir en Ausschloss vun der 45 Joer aler Politikerin gestëmmt. Dat war déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit.

D'Politikerin ass ëmstridden, ënner anerem wéinst hiren Äusserungen iwwer Israel. Vu verschiddene Säite gëtt hir Antisemitismus reprochéiert.

Zu Berlin verhandelen déi Lénk, d'SPD an déi Gréng de Moment iwwer eng Zesummenaarbecht. D'SPD an d'Grüne hate fir eng Koalitioun mat der "Linke" d'Konditioun gestallt, datt d'Emde ausgeschloss gëtt.

Back to Top
CIM LOGO