
Fënnef Persoune sinn en Dënschdeg gestuerwen, wéi an der Tierkei e Militärhelikopter vum Typ "AS-532 Cougar" erofgefall ass. Dat deelt den tierkesche Verdeedegungsministère an engem offizielle Statement mat. Méi fréi um Dënschdegowend goung vun engem Accident am Kader vun enger Trainingsmissioun rieds.
Op Biller vun der tierkescher Tëlee ass en Asaz vu Rettungsgefierer op engem oppene Feld an der Géigend vum Distrikt Tebebasi ze gesinn.
Den Helikopter war op enger Basis zu Eskisehir tëscht Istanbul an Ankara gestart.
Schonn den 12. November gouf et bei engem Accident mat engem Militärhelikopter an der Tierkei véier Doudesaffer