
De wuel schéinsten Dag am Liewen ass dunn awer zu engem “Super-Spreader-Event” ginn, also een Event, wou de Coronavirus sech séier a staark verbreet huet.
Op der Feier ware 65 Leit, obwuel der zu deem Zäitpunkt offiziell just 50 erlaabt waren. D’Hochzäit war an enger Kierch an dono gouf an der Jugendherberg “Big Moose Inn” gefeiert, an der Géigend vu Millinocket, déi 4.000 Awunner huet.
10 Deeg no der Zeremonie goufe 24 Leit positiv op de Coronavirus getest, déi mat der Hochzäit a Verbindung konnte bruecht ginn. Déi amerikanesch Gesondheetsagence d’CDC huet dunn eng Enquête lancéiert. En Donneschdeg huet d’CDC hire Bilan verëffentlecht: 177 Persoune goufen infizéiert a 7 Mënsche sinn un d’Suitte vum Virus gestuerwen. Vun deene war kee physesch op der Hochzäit dobäi. Mam Tracing konnten d’Autoritéite feststellen, dass eng Rëtsch Clusteren am Staat Maine op d’Hochzäit zréckzeféiere wieren. An engem Prisong, wou ee Wiechter schafft, deen och op der Hochzäit war, goufen 80 Fäll gemellt. 10 goufen et der an enger Kierch an 39 Infektiounen a 6 Doudesaffer an engem Altersheem.
Als Konsequenz krut d’Jugendherberg “Big Moose Inn” seng Lizenz suspendéiert a verschidde Corona-Mesurë goufen erëm agefouert.
An den USA goufen et schonn e puer Fäll vu sougenannten “Super-Spreader-Events”. Op enger Konferenz am Betrib Biotech goufen zu Boston 175 Leit ugestach an op engem Begriefnis am Bundesstaat Georgia 100 Persounen. Besonnesch héich war den Infektiounstaux déi lescht Wochen an den Héichschoulen. Op der Universitéit vun Oneonta goufen zum Beispill an engem Mount 670 Fäll registréiert.
