Minuttelaang onbemierkt8 Joer aalt Meedchen am Seepark Lingzau an Däitschland erdronk

RTL Lëtzebuerg
Zu engem tragesche Virfall koum et e Samschdeg am Nomëtteg zu Pullendorf beim Séi. E Meedchen ass ënnergaangen a kengem war et direkt opgefall.

D’Kand war aus nach ongekläerte Grënn am Seepark Lingzau, engem Séi mat Plage im Landkrees Sigmaringen, ënnergaangen. Eréischt Minutte méi spéit, wier et engem opgefall.

Nodeems scho Leit op der Plaz Éischt Hëllef geleescht haten, huet spéider nach de Samusdokter ëm d’Iwwerliewe vum Meedche gekämpft. Ouni Succès. E weideren Dokter, dee mam Rettungshelikopter ugeflu gi war, konnt just nach den Doud vum Kand feststellen.

D’Visiteuren an d’Familljemembere goufe vum Support psychologique betreit.

Back to Top
CIM LOGO