Croix-Rouge mécht OpruffMéi Bluttspende sinn néideg, 1.500 nei Spender bräicht een all Joer

Claudia Kollwelter
"Gitt Blutt spenden!" deen Opruff huet d'Rout Kräiz virun enger gudder Woch gemaach, well d'Blutt-Reserven op en Enn ginn. Wat sinn d'Konsequenzen, wat d'Erklärunge fir de niddrege Seuil, a wie kann iwwerhaapt Blutt spenden?
Am Transfusiounszenter vun der Croix-Rouge
Am Transfusiounszenter vun der Croix-Rouge
© RTL Lëtzebuerg

D'Reserve sinn aktuell ënnert dem minimale Seuil fir ze garantéieren, datt d'Spideeler an den nächste Wochen adequat versuergt sinn. Virun allem A negativ- an O negativ-Blutt gëtt gebraucht. Den Directeur adjoint vum Transfusiounszenter Lionel Ferrant erkläert, datt d'Reserve just nach fir aacht Deeg am normale Spidolsbetrib duerginn. Et wier een deemno "en alerte" a géif dofir d'Leit opruffe spenden ze kommen.

Bluttreserve gi just nach fir ongeféier 8 Deeg duer
"Gitt Blutt spenden!" deen Opruff huet d'Rout Kräiz virun enger gudder Woch gemaach, well d'Blutt-Reserven op en Enn ginn.

Wann d'Reserven am Land erofginn, kann dat schwéier Konsequenze fir déi Leit hunn, déi op eng Bluttkonserv ugewise sinn. Op d'Fro, wisou een net éischter en Appell un d'Leit mécht, huet den Directeur adjoint erkläert, datt ee sech scho Gedanken doriwwer gemaach hätt, een awer och net permanent Panik kreéiere wéilt an dofir misst een eng gutt Balance fannen. Dofir hätt ee sech op de Seuil vun 8 Deeg festgeluecht.

Ënnerschiddlech Grënn fir niddrege Seuil

Verschidden Erklärunge ginn et fir d'aktuell Situatioun. Ënnert anerem de waarme Summer huet dozou gefouert, datt manner Leit de Wee an den Transfusiounszenter fonnt hunn, mee och fir d'Rentrée wiere manner Leit komm wéi gewinnt. Dobäi kommen dann och nach déi saisonal Infektiounen, Erkältungen, d'Gripp, Covid a sou weider.

Zanter dem Opruff lescht Woch hätte sech awer scho vill Leit mobiliséiert, wouriwwer een natierlech ganz frou ass, huet de Lionel Ferrant e Freideg de Moie betount. Am Zenter waren eng Partie Leit déi schonn zanter Jore Blutt spende kommen, mee och deen een oder aneren dee fir d'éischt Kéier do war an eben op den Appell vun der Croix-Rouge reagéiert huet.

Wie ka säi Blutt spenden?

15.000 Donneuren zielt d'Rout Kräiz am ganzen. Zil ass et all Joer 1.500 zousätzlech Leit dozou ze kréie Blutt ze spenden. Eligibel fir Blutt ze spenden ass dem Directeur adjoint vum Transfusiounszenter no jiddereen dee bei gudder Gesondheet ass an tëscht 18 a 65 Joer huet. Et ginn awer eng ganz Partie Krittären, déi een erfëlle muss, well d'Qualitéit vum Blutt wat gespent gëtt vun enormer Wichtegkeet ass. Dofir huet d'Croix-Rouge och en Online-Formular ausgeschafft, wou ee kucke kann ob een eligibel ass oder net. Weider Informatioune fannt der op der Internetsäit vun der Croix-Rouge.

Back to Top
CIM LOGO