
No engem Busongléck an der Géigend vun der beléifter tierkescher Vakanzendestinatioun Antalya klëmmt de Bilan un Doudesaffer op néng. Wéi tierkesch Medie mellen, wier elo och de Buschauffer am Spidol u senge Blessure gestuerwen. Rieds geet och vun iwwer 20 Blesséierter. De Bus wier op naasser Fuerbunn vun der Strooss ofkomm. Éischten Erkenntnisser no wier de Chauffer ze séier ënnerwee gewiescht.