EZB begréisst 21. Member vun der EurozonA Bulgarien gëtt op Neijoerschdag den Euro agefouert

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Knapp 20 Joer nom EU-Bäitrëtt gëtt a Bulgarien elo um 1. Januar 2026 den Euro agefouert an ass domat den 21. Member an der Eurozon.
EZB begréisst Bulgarien als 21. Member vun der Eurozon
Knapp 20 Joer nom EU-Bäitrëtt gëtt a Bulgarien um 1. Januar 2026 och den Euro agefouert an ass domat den 21. Member an der Eurozon.

E Mëttwoch lafen a Bulgarien déi lescht Preparatiounen, éier et am Land op Mëtternuecht mam neie Joer och eng nei Wärung gi wäert. Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert war bis elo de bulgaresche Lev am Ëmlaf. Elo gëtt knapp 20 Joer nom EU-Bäitrëtt dann och op den Euro gewiesselt. Bulgarien ass domat dat 21. Land an der Eurozon. Fir de Bäitrëtt vu Bulgarien ze zelebréieren, ass en Dënschdeg schonn d’Europäesch Zentralbank an de bulgaresche Faarwen erliicht.

De Wiessel vum bulgaresche Lev op den Euro huet am Land fir e puer kritesch Stëmme gesuergt, déi mengen, datt doduerch d’Präisser méi héich an déi politesch Instabilitéit verstäerkt géif. Trotzdeem hunn déi vergaange Regierungen ëmmer nees probéiert, den Euro anzeféieren, mam Zil, am äermsten EU-Staat e wirtschaftlechen Opschwong ze bewierken a sech donieft och virun dem russeschen Afloss ze schützen a gläichzäiteg d’Relatioun mam Westen ze stäerken.

D’Land mat ronn 6,4 Millioune Awunner huet eng Rei politesch Erausfuerderungen hannert sech, dorënner virun allem d’Anti-Korruptioun-Protester, duerch déi déi konservativ Regierung virun e puer Wochen zréckgetrueden ass. D’Land steet doduerch virun den aachte Wale bannent fënnef Joer.

Artikel vum 11.12.2025

Back to Top
CIM LOGO