
A ville Länner ass eng Amende dat mannst, mat wat ee rechne kann, wann ee sech net un d’Maskeflicht oder aner Corona-Restriktiounen hält.
An Indonesien setzt een op “Public Shming”, wann een ouni Mask erwëscht gëtt. Do kann et virkommen, dass een nach op der Plaz Pompele maache muss, wann ee vun der Police ugehale gëtt. Dat ass engem Motocyclist op der Insel Sulawesi geschitt, dee wärend dem Fuere keng Mask unhat.
Ma an Indonesien ginn d’Leit net just duerch ëffentlech Turnübungen bloussgestallt, och d’Sange vun der Nationalhymne en public, eng forcéiert Participatioun u Begriefnis vu Covid-19-Affer oder d’Botze vun ëffentleche Raim an engem grell-orange Gilet mat Schrëftzuch “Verletzer vum Gesondheetsprotokoll” gehéiert zu de Bestrofungen.
Am westafrikanesche Ghana huet een all Interêt ëmmer u seng Mask ze denken, ouni erwaarden een do nämlech 4 bis 10 Joer Prisong mat massive Geldstrofen. En entspriechend Gesetz hat de President Nana Akufo-Addo am Juni decidéiert.
Och an Thailand geet ee méi sec vir. Mol kuerz net op d’Auer kucken an d’Ausgangsspär bis 22 Auer verpassen, an dat souguer wann ee virun der eegener Hausdier sëtzt, gëtt fatzeg bestrooft. Dat war engem Schwäizer a senger thailännescher Fra am Abrëll geschitt, wéi si gemittlech hir Zopp giess hunn. Um 22.20 Auer koum d’Police si sichen an d’Koppel gouf zu 2 Méint Prisong verurteelt. E puer Schwäizer Medien haten dëst opgegraff. D’Koppel ass an Appell gaang a koum op Kautioun fräi, d’Strof steet awer nach aus.
A Malaysia koum de Proprietär vun engem Restaurant 5 Méint an de Prisong, well hie säin Etablissement weider opgelooss hat, wéinst Corona-Symptomer awer hätte missen an Isolatioun sinn. E puer Dierfer an de Bundesstaate Kedah a Perlis waren dowéinst souguer am Lockdown an et koum zu 40 Infektiounen.
Prisongsstrofe ginn et och a Singapur. Do war en Taxichauffer eleng wéinst engem Message op Facebook an Arrest kom. Och nodeems de Post no 15 Minutte scho geläscht gi war. Hien hat geschriwwen, dass Butteker wéinst dem Lockdown géingen zoumaachen, als Resultat koum et zu Panik-Akeef. Wéinst Fake-News krut de Mann um Enn 4 Méint Prisong.
An Indien kritt een der mat der mam Knëppel sollt een ouni Mask op der Strooss erwëscht ginn. Och Sit-Ups ass eng Form vu Strof oder vu Beamte mat Virus-Helmer um Kapp erféiert ginn. Touristen hu souguer emol missten de Saz “Ech hu mech net un d’Ausgangsspär gehalen an dat deet mir immens leed” 500 Mol ofschreiwen, well si trëppele waren.
Déi brittesch Regierung huet sech eppes afale gelooss. Wie méi wéi eemol ouni Mask a Butteker oder aneren zouene Raim erwëscht gëtt, muss déif an d’Täsch gräifen. Bis zu 3.200 Pond (3.500 Euro) kann dat kaschten. Organiséiert een eng Privatparty, sinn et bis zu 11.000 Euro.
Bréngt een an Éisträich aner Mënschen wëssentlech a Gefor muss ee mat bis zu 3 Joer Prisong rechnen, nieft fatzege Geldstrofen.
Eleng bei de Japaner schéngt dat net néideg ze sinn. Net nëmmen, dass sech do u sämtlech Reegele gehale gëtt ouni ze meckeren, enger Ëmfro no wéilte vill Japaner, dass den Noutstand weider verlängert gëtt.