DäitschlandA Rheinland-Pfalz ginn d'Bordellen nees op

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den 10. Juni dierfe Bordellen a Rheinland-Pfalz erëm hir Dieren opmaachen. Et ginn awer Corona-Mesuren, un déi ee sech hale muss.

A villen anere Bundeslänner ass et wéinst der Corona-Kris nach verbueden, am Rheinland-Pfalz ginn d’Bordellen och just ënner Hygiènes-Reegelen nees op. Wann d’Distanz net agehale ka ginn, da gëllt och do d’Maskeflicht, “esou wäit wéi de Service et erlaabt”, sou d’Regierung vum Bundesland.

Et mussen och d’Donnéeë vun alle Clienten niddergeschriwwe ginn. Dës nämmlecht Mesure zielt och an Zukunft fir Shisha-Bars.

Och Chéier a Blosorchester dierfen erëm prouwen, awer just eng hallef Stonn laang a mat der néideger Distanz vun 3 Meter. Sinn d’Prouwen dobannen, muss de Sall duerno gelëft ginn.

Back to Top
CIM LOGO