
D’Klamme vun der Zuel wier den Autoritéiten no eng “direkt Konsequenz vum Testen”, hei gouf d’Kapazitéit wéi et heescht gehéicht. Doduerch wieren och elo Fäll erfaasst ginn, wou déi betraffe Persoune just liicht Symptomer haten.
Am Ganze wieren elo 48.300 Fäll confirméiert. D’Zuel vun den Doudege klëmmt ëm 19 op 4.814.
Am Verhältnis zu der Awunnerzuel a Schweden sinn dat däitlech méi Fäll, wéi an de Nopeschlänner vum Land, ma awer nach manner, wéi an den am schlëmmste betraffene Länner, also Spuenien, Groussbritannien an Italien.
Och de Mortalitéitstaux läit méi héich wéi an den anere skandinavesche Länner. Schweden huet an der Kris jo däitlech méi op fräiwëlleg Mesurë, wéi op Virschrëften a Reglementer gesat.
