Weltwäit ZuelenA wéi enge Länner ass de Coronavirus am meeschte present?

RTL Lëtzebuerg
An den USA sinn d'Zuelen nach ëmmer am héchsten, ma d'Situatioun verschlechtert sech am Moment virun allem a Brasilien an a Russland.

Souwuel d’Zuel vun den Infizéierten (1.861.059) , wéi och d’Zuel vun den Doudegen (107.166), déi an Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwe sinn, läit an den USA nach ëmmer am héchsten.

A Russland liewe ronn 145 Millioune Leit, 441.000 Infektioune goufen hei offiziell gemellt. Problematesch wier virun allem d’Zuel vun de Neiinfektiounen a Russland an och a Brasilien. Bei knapp 210 Milliounen Awunner, ginn et knapp 600.000 Infizéierter, eng Zuel, déi och nach ëmmer däitlech klëmmt.

D’Dynamik vum Coronavirus huet sech also vun Asien aus iwwer Europa a Nordamerika elo virun allem a Mëttel- a Südamerika verlagert.

Op d’Plaze 4, 5 a 6 kommen da Länner aus Europa, Länner, déi och scho viru Wochen ëmmer nees mat héijen Zuelen op sech opmierksam gemaach hunn. Riets geet vu Groussbritannien, Spuenien an Italien.

Hei eng Tabell vun NTV, an där déi am meeschte betraffe Länner rassembléiert sinn

Infizierte
gesamt
Infizierte
aktuell
Todesfälle
gesamt
Genesene
gesamt
USA1.861.059 107.166k. A.
Brasilien584.016312.85132.548238.617
Russland441.108231.1015.384204.623
UK279.856 39.728k. A.
Spanien239.42961.92627.127150.376
Italien233.83639.29733.601160.938
Deutschland182.9947.5538.623166.818
Türkei166.42230.9614.609130.852
Iran164.27028.7148.071127.485
Frankreich151.67753.20129.02169.455
Niederlande46.942 5.990k. A.
Schweden41.883 4.562k. A.
Österreich16.70536367015.672

Stand: 04.06.2020

Back to Top
CIM LOGO