A ville Länner normaliséiert d'Liewe sech nees lues a lues a virun allem leeft eng vun de wichtege Wirtschaftsbranchen - den Tourismus - nees un.

Spuenien, wat jo ganz haart vum Virus betraff ass, wäert vum 22. Juni u rëm Touristen aus Däitschland, Frankräich a verschidde skandinavesche Länner, fir op d'Balearen an d'Kanaren zouloussen.

Da sinn och d'Grenzen nees op war d'Nouvelle um Sonndeg.

D'Luxair flitt den 22. Juni rëm eng éischte Kéier op Barcelona.

A Spuenien denkt nach keen dodrunner, Spillplazen nees opzemaachen. D'Land op der iberescher Hallefinsel gouf an Europa mat am schwéierste vun der Coronakris getraff an huet ganz strikt Mesurë geholl.

A 4 Phasë versicht een, zréck an eng gewëssen Normalitéit ze kommen. Zanter Mëtt Mee leien d’Covid-19 Zuele vergläichsweis déif; déi lescht Woch huet Spuenien manner wéi 300 Infizéierter gezielt a just wéineg Doudeger pro Dag gemellt.

Domadder kommen dës Woch dann och d’Epizentre Madrid an d’Groussregioun Barcelona an eng zweet Phas, wou d’Leit nees relativ normal op d’Plage kënne goen.

Allerdéngs wësse vill Leit net a wat fir enger Phas hir Géigend grad ass a wat genee si elo dierfen. Den 21. Juni hält den Alarmzoustand op an d'Grenzen ginn op.

Och an där sougenannter „neier Normalitéit“ gëtt d’Epidemie enk iwwerwaacht. Et gëlle Virsiichtsmoossname mat strenger Maskepflicht. An zwar iwwerall do, wou ee Mindestofstand vun 2 Meter net kann agehale ginn. An den Hoteller gëtt de beléifte Buffet duerch Service um Dësch ersat an d’Danzpiste bleiwen zou.

Eleng zu Barcelona wäerten och iwwert 3.000 Butteker hir Dieren ni méi op maachen. Iwwert een Drëttel vun de Spuenier hunn hir ganz Erspuernisser an dëse Méint opgebraucht. D’Aféiere vun enger nationaler Sozialhëllef soll 850.000 Stéit hëllefen. Vakanz doheem ass ugesot.

De Schëffe vu Barcelona erkläert, dass seng Stad zwar d’hygienesch an d'sanitär Viraussetzunge garantéiert. Ob awer  international Touriste kommen, géing vum Transport, der Psychologie an de Suen ofhänken. Also ob genuch Fligere fléien, an d’Leit déi och huele wëllen.

A ganz Spuenien ginn am Moment virun allem Campinger a Vakanzenhaisercher um Land gebucht. Zu Barcelona sinn aktuell just 43 Hoteller op a grad emol zu 5 Prozent ausgelaascht. Den Hotelsecteur rechent mat enger Perte vu mindestens 70 Prozent fir dëst Joer.

D’lescht Joer hat ganz Spuenien nach 80 a Katalounie 17 Millioune Visiteuren.