
Vun e Mëttwoch u musse souwuel d’Personal, wéi och d’Clienten a Supermarchéen, Banken, Coiffeurssalonen an am ëffentleche Verkéier erëm e Mask droen. Hält ee sech net un déi nei Virschrëften, kann een e Protokoll vun 150 Euro kréien.
Zanter deem d’Touristesaison ugefaangen huet, sinn d’Chiffere vun Neiinfektiounen erëm geklommen. Vum 1. Juli un, wéi d’Grenze fir d’Touristen erëm opgaange sinn, goufen iwwer 340 Infektioune bei Touriste registréiert.
Am europäesche Vergläich steet Griicheland relativ gutt do. Zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie goufe knapp 4.200 Infektiounsfäll registréiert, 202 Mënsche sinn ëm d’Liewe komm.
