Am Gespréich mat engem Reporter vum Online-Portal Axios huet den US-President sech a sengen Äntwerten a punkt Coronakris nawell dacks verrannt.

Ënner anerem goung et am Gespréich mam Journalist Jonathan Swan ëm de Black-Lives-Matter-Mouvement, d'Presidentschaftswalen am November an eeben d'Coronakris.

Konkreet och d'Zuel vun Infektiounen an d'Zuel vun den Doudesaffer wéinst dem Covid-19 an den USA goufen thematiséiert. Dem Donald Trump no hätten d'USA nämlech am Verglach zu Europa an dem Rescht vun der Welt niddreg Wäerter. Ma den US-President huet sech bei senger Argumentatioun awer net op d'Coronadoudesaffer a Bezuch op d'Gesamtpopulatioun, mee op déi gemellte Fäll an den USA bezunn. D'Zuel vun den Doudesfäll par Rapport zu der Bevëlkerung ze kucken, kéint een net maachen, sou den Trump zum Reporter.

Vill Useren op Twitter geheien dem Donald Trump elo vir, d'Zuele wëllen erofzespillen. D'USA, mat ronn 330 Milliounen Awunner, hu bis ewell méi wéi 155.00 Doudesfäll ze vermellen, déi a Relatioun mat der Coronavirus-Infektioun stinn; esou geet et aus den Date vun der Universitéit Johns Hopkins ervir.

De kompletten Interview mam Donald Trump